
De Podcast vun der UGDA Museksschoul
By École de musique de l'UGDA

De Podcast vun der UGDA MuseksschoulMar 09, 2022

Eng Lauschtergeschicht: Beel an d'Beien (Kanner aus der Museksschoul Niederanven)
Informatiounen:
No der Geschicht: "Le Lièvre et les Lapins", Timothé Le Veel, ed. Kaléidoscope
Adaptatioun, Réalisatioun, (Enregistrement a Montage) : Rainier Radelet
Iwwersetzung : Isabelle Kayser a Jean-Luc Blasius
Interpreten : Ensembel Instrumental a Jugendfanfare Niederanven (Schouljoer : 2020-2021)
Participants :
Erzielerin : Sophie Schaefer-Wagner
Beel 1 : Léonie Bayer
Beel 2 : Sofija Du
Bei : Mattia Depalma
Beien : Mattia Depalma, Eve Van Der Schilden, Marcus Tantar, Noah Colas
Flütten : Léonie Bayer, Amalia Huss, Emma Koob Clarinettes : Noah Colas, Laura Gush, Ilvana Omerovic, Linda Rock, Sophie Schaefer Wagner, Eve Van Der Schilden, Julia Ventura, Jeff Kugener-Francois, Amy Salmon
Saxophone : Amy Birgen, Mattia Depalma, Sofija Du, Max Fourny, Georges Kugener, Carl Opitz, Dominik Rock
Trompetten : Lynn Reisch, Clara Weier, Maelon Gush, Sarah Muller, Denis Heneaux
Cor : Lex Reuter Trombone : Luca Birgen, Ben Reuter, Paul Lietz
Piano : Louis Daman, Anatole Bouillot
Percussion : Yann Lietz, Marcus Tantar, Yannis Depalma, Lou Sergonne

14. Episod: Paul Scholer: Museksschoul vun der UGDA
De Paul Scholer schléisst ons Serie of iwwert d'Instrumenter. Als Direkter erzielt ons e bëssen iwwert "seng" Museksschoul an mir léieren de Paul Scholer awer och privat kennen.

13. Episod: André Mergenthaler: Cello
Den André Mergenthaler verreit ons wéi hien op den Cello komm ass, wéi et ass vir de Grand-Duc ze spillen, op hien nach ëmmer nervös virum Concert ass mécht an op et Cellis oder Cellos an der Mehrzahl heescht!

12. Episod: Jean-Jacques Watgen: Gittar
Onse Podcast iwwert Gittar. De Jean-Jacques erzielt ons vun sengen Bands. Vun sengen Studien a wéi hien bei der Gittar gelant ass. Och iwwert Manikür vun den Neel bei engem Gittarist ginn mir méi gewuer.

11. Episod: Jean Muller: Piano
Haut am Podcast geet et em Instrument Piano. Präsentéiert geet d'Instrument vum Pianist Jean Muller. De Jean Muller war scho op bal all Kontinent vir e Concert ze spillen, huet och vill Schach gespillt an haut awer och gären Lotti Karotti.

10. Episod: Serge Schonckert: Gesank
De Serge erzielt vun sengem Instrument: Seng Stemm! Wéi huet en rausfonnt dat hien wéilt Sänger ginn? Wéi trainéiert hien seng Stemm a wat mécht hien bei der Philharmonie als Senior Manager Artistic Planning Systems? All dat verréit hien ons an onsem 10. Podcast!

9. Episod: Laurent Warnier: Perkussioun
De Laurent Warnier erzielt ons am 9. Podcast iwwert seng Leidenschaft vir Perkussioun a besonnesch de Vibraphon. Hien verréit och vir wéi eng zwee Futtballclibb säin Häerz schléit an wat en soll zu Amsterdam kucken goen.

8. Episod: Jean-Paul Hansen: Hautbois
Am "Flou am Ouer" hunn mir haut den Jean-Paul Hansen. Säin Instrument ass den Hautbois. Ons erzielt hien och nach wat Krautfleckerl an "al Musek" ass an wéi circulaire Ootmung funktionéiert.

7. Episod: Robert Weyland: Trombonn
Säit 1945 ass de Robert Weyland an der Musek zu Äischen. De fréieren Militärmuseker, Professer am Conservatoire zu Esch, UGDA-Präsident an haitegen UGDA-Éierepresident erzielt ons vun sengem Instrument der Trombonn, vun sengem fréieren Schüler dem Paul Scholer a vu sengen aneren Hobbyen.

6. Episod: Nadine Kauffmann: Saxophon
Nadine Kauffmann stellt säin Instrument vir: de Saxophon. Hat erzielt ons wat e Saxophon an e Schwan gemeinsam hunn an wéi dat gaangen ass dat hat Saxofon geléiert huet. Ausserdeem schwätz hat iwwert säin Kannerprojet "Maus Kätti".

5. Episod: Marc Treinen: Klarinett
5. Episod vun onsem Podcast mam Direkter vun Escher Conservatoire. Hie schwätz natierlech iwwert säin Instrument: Klarinett! Awer hien erzielt ons och wat seng Liblingsplaz am Escher Conservatoire ass an wien hien well mathuelen an sengem Camper.

4. Episod: Liz Speyer: Querflütt
Liz Speyer klemmt gären op Bierger, hat spillt gären Querflütt, ass ganz musikalesch an awer huet hat eng aner Karriär ageschloen. Wat a wou dat verréit hat ons an onsem 4. Podcast.

3. Episod: Amanda Kleinbart: Cor
An onser drëtter Episod schwätzen mir mam Amanda Kleinbart, Musekerin schafft beim "NDR Elbphilharmonie Orchester" an huet vill ze erzielen. Enner anerem eng flott Aventure mat der Kinnigin vu Schweden.

2. Episod: Nadine Schneider: Trompett
An der zweeter Episod geet et em d'Nadine an seng Trompett. Nadine erzielt ons wéi een eng Trompett fleegt awer och iwwert säin ekologescht Gewëssen.

1. Episod: Philippe Schwartz: Euphonium
An dëser éischter Episod get et em de Philippe Schwartz an säin Euphonium. Wisou hien gären d'Bank bei Monopoly ass an wat hien vum Alphorn hält gitt dir an dësem Episod gewuer.

Flou am Ouer - Teaser
Wat ass den Podcast Flou am Ouer! Hei fannt dir d'Äntwerten!