
Kaméidi - 𝔏𝔲𝔵𝔢𝔪𝔟𝔬𝔲𝔯𝔤𝔰 𝔣𝔦𝔫𝔢𝔰𝔱 𝔐𝔢𝔱𝔞𝔩 𝔓𝔬𝔡𝔠𝔞𝔰𝔱
By Kameidi

Kaméidi - 𝔏𝔲𝔵𝔢𝔪𝔟𝔬𝔲𝔯𝔤𝔰 𝔣𝔦𝔫𝔢𝔰𝔱 𝔐𝔢𝔱𝔞𝔩 𝔓𝔬𝔡𝔠𝔞𝔰𝔱Jun 03, 2023

71. Metalvision
Den Eurovision war rezent rëm an allen Medien an rëm genau sou faarweg an weird wei et nëmmen kéint sinn. Verschidden "Metal/Rock" Acts waren och vertrueden, ob se gutt oder schlecht waren ass usech egal mee et et ass awer flott ze gesinn dat déi lescht Joren ëmmer rëm sech déi Haart Musek an dësen gigantesche Contest veriert. Mir stellen ons d'Fro wien fir Lëtzebuerg 2024 kéint dobäi sinn, an wien mir ons vun onsen Metal Acts gären géingen do gesinn

70. Uncovered: Hills like white Lions (ENG)
Episode in English!

69. Exiled - What essential records do you bring?
Stellt iech fir dir misst muer op eng einsam Insel, an dir kéint just 5 Albumen mat huelen... Wéi eng Albumen wären dat?
Och wann dat en onwarscheinlecht Zenario ass, zum Gléck. Mir hunn eis déi Fro gestallt an raus fonnt dat se och net einfach ze beäntwerten ass.
Wat dobäi raus komm ass fann der hei.

68. #Let's talk: Metalcore -Core Kids unite!-

67. Legends, gone but never forgotten

66. Uncovered: Ne Obliviscaris
Mir hunn laang iwwerluecht an gesicht fir och eppes Negatives iwwert des Band ze zielen mee usech ass et soss näischt wei een Liebesgeständnis un eng vun onsen absolutten Lieblingsband iwwerhaapt, dir wëllt och NE OBLIVISCARIS kenneléieren? Dann lauschtert bis eran!

65. Similarities: Classic meets Metal (ENG)

64. Uncovered: Cannibal Corpse
Sie gëllen als een vun den bekanntsten an brutaalsten Nimm am Business. Cannibal Corpse fueren säit iwwer 30 Joer op hirer knallhaarder Death Metal Schinn an et gesäit nach laang net sou aus wei wann se sech wëllen zur Rou setzen.
An där Zäit ass natierlech vill geschitt, vill Kritik, Kontroversen, an Band Memberen déi komm an gaangen sinn, an et stellt een sech Fro ob se och haut nach ëmmer esou relevant an gutt sinn wei fréier.
Wann der méi wëllt wëssen dann sidd der hei genau richteg.

63. Our Favorite Guitarists
Et gin der fill ze fill fir se all hei opzezielen an awer hunn mir ons eis Top 5 Gittaristen erausgepickt an doriwwer diskutéiert. Vun groussen Nimm bis underrated, héi ass vun allem dobäi!

62. Uncovered: Atavistia (ENG)

61. Kaffi's Paus: PRAETOR
Lokales mat Schmackes! PRAETOR verdeedegen den Thrash Metal mat allem wat se hunn, an mir hunn mam Hugo hannert d'Kulisse vun PRAETOR gekuckt an et gouf nees genuch ze zielen

60. Youtubers being Metalheads
Phenomen Youtuber oder Twitch Streamer sinn mëttlerweil keen onbekannten Begrëff méi mee gehéieren zum Alldag vun ons alleguerten, mir hunn ons verschidden Metal Youtubers ugekuckt an ass nees ganz fill gezielt ginn.

59. Uncovered: Rhapsody of Fire

58. Kaffi's Paus: SERPENT BITE
An weider geet et mat onsen Interviews, des kéier war den Kevin Misci vun SERPENT BITE dobäi an mir hunn zesummen iwwert d'Band Geschicht, iwwert ons Musek Influenzen an ons perséinlechen Meenungen zur lokaler Metal Zeen geschwat. Dir wëllt méi wëssen? Dann sidd der hei richteg.

57. Ons Missioun: Metal!
2022 ass eriwwer an domat wënscht Kaméidi en schéint neit Joer un jiddereen.
Mir ginn mat neier Kraaft an neier Hoffnung an d'Joer 2023 eran.
Wat sinn eis Pläng, wat hunn mer alles vir, wat ass eis Missioun???
Wann der méi wëllt wëssen dann lauschtert eran.

56. The Best of 2022
Et gin Traditiounen déi mussen bäibehalen gin an doweint hunn mir ons wei all Joer nees zu enger Best of Episode zesummegedoen fir iwwert ons Favorit Alben ze schwätzen. Vun Progressive Metal iwwert Black Metal oder och Post Metal et ass nees ganz ofwiesslungsräich an fir jiddereen eppes dobäi

55. Kaffi's Paus: FUSION BOMB
Et ass deen leschten Interview fir dëst Joer an mir haten de Luc vun onsen 80's Thrasher Fusion Bomb agelueden an hunn ons een Abléck verschaaft an d'Originne esou wei och an d'Originalitéit vun Fusion Bomb verschaaft. Villes gouf gesot, Geheimnisser revealed an wat genau huet et mat den famousen Hotpants op sech huet dir hei gewuer.

54. Let's Dance - Wall of Death, Moshing, Circle Pits and more
Metal an Danzen? Geet dat iwwerhaapt? Majo selbstverständlech! Mir kucken ons am Detail déi verschidden ausdrocksvollsten Metal Danz Stiler un. Also keng Zeit verluer an fleisseg mat moshen!

53. Gatekeeping, Defenders of the Genres
Weider geet et an dësem Sammelsurium un Wëssen, des Kéier schwätze mer iwwert Puristen oder Elitisten déi just eng Form vun Metal akzeptéieren an dësen deelweis op ganz bizarer Manéier verdeedegen.
Prinzipiell esou:
Ech lauschteren gären Metallica!
Purist: Seid wéini?
An domat geet et meeschtens schonns un.

52. Kaffi's Paus: BLANKET HILL
Ons Kaffi's Konversatiounen gi weider, des kéier mat dobäi den David vun der Hardcore Band BLANKET HILL, mir schwätzen iwwert Bandgeschicht, iwwert Cringe Momenter, den famousen Kopleschter Metalfestival an fokusséieren ons op hiren neien Album The Courage of Hopelessness deen deemnächst d'Liicht vun der Welt erblécke wäert.

51. Metal ass ons Musek
Et ass erëm sou weit, Kaméidi ass zeréck, oder war villäicht och ni ganz fort.
Op alle Fall, hunn rezent Evenementer eis dozou bruecht erëm zréck ze kommen.
Eis Lëtzebuerger Metalheads déi an der Läscht op Social Media ënnerwee waren an de Sproch "Metal ass keng Musek" héieren hunn, wëssen vun wat mer schwätzen.
Wat mir doriwwer denken an wat mer alles an deenen leschten Méint gemaach an gelauschtert hunn, fann der hei.

50. Our Favorite Bass Players
Mir hunn eis virgeholl iwert eis favorite Musiker am Metal ze diskutéieren, an fänken mat engen Instrument un wat leider vill ze oft vergiess an och ënnerschat gëtt an zwa de Bass/Bassist.
Wéi eng bekannt an och manner bekannt Musiker mer do op eiser Lëscht hunn fannt der hei.

49. Uncovered: Cradle of Filth

48. Categorising Genres, a constant argument about personal opinions

47. Uncovered: Blind Guardian
Haut zéien mer eis déi wuel bekanntsten dätsch Power Metal Band op d'Long. Blind Guardian sinn bei Villen beléift an hunn och schonn eng beträchtlech Karriär hannert sech, an vill vun hiren Albumen suergen och schonn fir Discusiounen. Wat mir doriwwer denken an ze soen hunn, fann der hei.

46. #Let's talk: NU Metal
Mir hunn se all matgemaach, the early 2000's hat eng ganz spezifesch Genre Saach un d'Dagesliicht bruecht, den Nü Metal

45. Artworks - Of Record Covers and Album Artworks-
Et sinn der Kreativitéit keng grenze gesat, och net bei Metal Alben, ob Surreal, expressionistesch, klassesch, bluddeg, brutal oder dezent et gëtt vun allem wann mer eis Artwork an Coveren aus der Metalwelt ukucken. An genau dat hu mer gemaach!

44. Kaffi's Paus: PLEASING
Dass ech groussen Unhänger vun Post-Musek sinn ass mëttlerweil keen Geheimnis méi, mee kéint et sinn dat ech zum Fanboy vun enger ganz bestemmter Band mutéieren? Absolut jo! -Gilles
Kaméidi hat d'Jongen vun Pleasing agelueden an sinn mat Witz an charm an eng emotional an melancholesch Diskussiouns Ronn gestart. Lauschtert bis eran.

43. Uncovered: Behemoth
Mir hunn eis dat ganzt ënnert Lupp geholl an wat dobäi raus komm ass, fann der hei.

42. The Highs and Lows of Record Labels
Responsabilitéiten, Deadlinen, Interviews etc. mussen agehale gin an kennen eng Band gutt wei och negativ beaflossen

41. Kaffi's Paus: GHOST NOISE

40. Video Games and Metal

39. Le Metal à la Française
Ici on parle fançais, an dat metallesch! Mir kucken an déi franséisch Metall Scene bis eran an diskutéieren wat Frankräich alles un haardem ze bidden huet. Lauschtert bis eran!

38. Uncovered: Metallica

37. Kaffi's Paus: MINDPATROL
Des kéier hun mer den Luc an den Yann vun Mindpatrol dobäi an et gëtt nees vill diskutéiert, iwwer hier Geschicht, hiren leschten Album, Literatur an nach vill méi.
Wat genau fann der hei.

36. The Best of 2021
D'Joer ass seu gudd wei eriwwer, villes ass geschitt, vill Musek, vill nei Entdeckungen seu wei iwwerraschend Comeback's. Mir hunn ons iwwert ons lieblings Alben vun 2021 ënnerhalen, kommt an lauschtert bis eran an entdeckt och dier eppes neits.

35. #Let's talk: Folk Metal, Folk Tales & Pagan Legends
E-Guitaren, Bass an Drums kenne mer alleguer, mee hei kommen dann och nach Dréiuergel, Duddelsak, Violin an nach ganz aner ausgefaalen Instrumenter an d'Spill.
Wat et do alles ze wëssen kennt, fannt der hei.

34. The Non-Metal Stuff pt.1
Och wann mer alleguer hei Metalheads sinn an gär doriwwer philosophéieren, huet jiddereen vun eis och aner Musek oder Kënschtler abseits vum Metal déi gär gelauschtert ginn. De Gilles an de Pit weisen iech wat si dann nach sou alles lauschteren, vleit ass jo eppes dobäi wat der selwer gär hutt? Vill Spaass beim lauschteren!

33. Kaméidi feat. The Metal Inspector: Hidden Gems of the Year
Wei dir wësst, philosophéiere mer enorm gären, nach méi flott ass et wann mer een Gaascht hunn deen genau sou gären matschwätzt. Mir hunn ons den Metal Inspector agelueden an iwwert ons grouss Momenter vum Metalleschen Joer 2021 geschwat

32. Band Merch
Awer et ginn och nach méi ausgefalen Merch. Wat genau an ob d'Welt dat braucht fannt der hei.

31. Uncovered: Opeth
Wat genau gitt der alles hei gewuer.

30. A Year has passed
Happy Birthday Kaméidi, Jo richteg, dir musst ons schonn een ganzt Joer laang erdroen an mir kucken zeréck ob fill Guddes an och komplizéiert Zäiten

29. Our funeral Songs
Freier oder spéider gin mer all dohin, d Fro wou mir ons stellen ass wat fir eng Abschiedlidder mir gäre géingen héieren

28. Japan's finest
Japan ass net dat éischt Land un wat een denkt wann een vun Metal schwätzt.
Mee wéi och an eisem klengen Land gëtt et och do eng Zeen.
Mir als Japan Nerds fillen eis verflicht dem op den Grond ze goen an kucken dat et do alles ze entdecken gëtt an wéi dat mat hirer Kultur zesummen hänkt.
Vill Spaass

27. Uncovered: InFlames
Nach eng lescht virun der Summer Paus, mir hunn ons geduecht ons Verstäerkung ze organiséieren an hunn een gudde Kolleeg vun ons mat an d'Boot geholl, häerzlech Wëllkomm un de Sam, de Sam, de Pit an de Gilles tauchen an an d'Déiften vun der melodic Death Metal Band IN FLAMES. Lauschtert bis eran.

26. Kaffi's Paus: LEGACY OF ATLAS
Et geet weider mat enger neier Kaffi's Paus, dës Kéier dabei sinn LEGACY OF ATLAS. Sie zielen eis vun hirer Band Geschicht an wat se nach alles wëlles hunn. Lauschtert bis eran.

25. Read 'em all! Heavy Metal beaflosst fun Literatur

24. #Let's talk: Black Metal (Part Two - The second Wave and it's Futur)
Do ass sou munches geschitt wat reegelrecht duerch d'ganz Welt gaangen ass, dir wëllt méi wëssen, dann sidd der hei Gold richteg.

23. #Let's talk: Black Metal (Part One - Origins)
Am éischten Deel ginn mer zréck an Zäit an kucken eis Originnen un vun dësem extreme Genre un. Vill Spaass

22. Uncovered: Wintersun

21. #Let's talk: Death Metal

20. Kaffi's Paus: MILES TO PERDITION
PERDITION waren dobäi an mir sinn zeréck an d'Zäit
gereest an hunn ons een Abléck an d'Geschicht vun
dëser Band sou wei och an Memoiren aus der
letzeboier Zeen erlaabt.
An wat et mat "Escalope Crème Champignon" um Hutt
huet ass och hei ze fannen....

19. Ladies of Metal
Join us and get the involved in this week's episode
where we discuss the rise of these Metal Goddesses.
Listen to it! Now!

18. #Let's talk: Progressive Metal
wou et méi Diversitéit gëtt wei hei! Dat ass Fakt.

17. Gilles' Top 25
Lauschtert bis eran an entdeckt puer nei Saachen

16. Kaffi's Paus: SCARRED
Mir sinn mam Diogo an Yann zeréck an d'Geschicht gaangen, hunn ons iwwert Ufankszäiten wei och iwwert net sou schéin Saachen aus dëser Band Geschicht ënnerhalen. Net ze vergiessen gi mer och intensiv an d'Detailer vun hirem neisten Album deen firun kuerzem endlech d'Liicht erbléckt huet.

15. Pit's Top 25

14. Kaffi's Paus: ASATHOR
Mir hunn schonn Seid laangem iwwerluet den letz. Metal Bands d'Wuert ze iwwerloossen, natierlech ass et an dësen Zäiten net einfach eppes zesummen ze wierfelen an awer sinn net enttäuscht gin. Den Ben an de Fränz vun ASATHOR hunn ons een Abléck verschaaft an mir haten nees eng richteg flott Diskussioun.

13. Wëllkomm doheem - Lëtzebuergesch Metal Elite
Häerzlech wëllkomm am neie Joer, mir sinn zeréck an fläisseg wei nach ni, mir fengken d'Joer un mat der wichtegster Zeen, an zwar der Lëtzebuerger. Wat et "hei heem" sou op d'Ouere gëtt gitt der hei gewuer. Lauschtert bis eran.

12. Bye Bye 2020
Ciao, Äddi, Au revoir, Sayonara 2020
Mir werfen een Bléck zeréck op ons Saachen an kucken wou 2021 hin geet.
Mir wënschen jidderengem un dëser Stell een bessert Neit Joer, schéin Feierdeeg an bis geschwënn

11. Ons Metal Alben vum Joer 2020
Mir hunn et gepackt, dat warscheinlech komeschste Joer säit laangem geet Endlech op een En, an domat och een schwéiert Museks Joer. Mir hunn ons eis positiv Iwwerraschungen rausgepickt an bëssen diskutéiert.

10. Clichés oder net Clichés? Daat ass d'Fro
Et gi esou munch Clichéen déi mat Metal ze dinn hunn, wei z.b. wat denken Leit déi keen Metal lauschteren iwwert déi an schwaarz gekleeten?
Oder och wat Metalheads vun Metalheads denken?
Dir wëllt méi wëssen?

9. #Let's talk: Thrash Metal
Thrash is King!!
Wann der méi wéilt iwwer early Trash Metal wëssen da muss der gedëlleg nolauschteren wei mer virun ons hin philosophéieren, an och méi wei eng Band wäerten erwänen, ënnert anerem Slayer, Metallica, Kreator, Sylosis an nach fill méi.

8. Heavy Metal Cinematic's
Metal an Film? Do gëtt et et bëssen vun allem ob Dokumentatiounen oder Spill Filmer, mir hunn ons eis eegen Favoritten rausgepickt an bëssen doriwwer geschwat.
Lauschtert mol rann

7. #Let's talk: Power Metal
Ritter, Schwäerter, Buergen, Kitscheg fanatsy Story's an och Botter???
Wat et domat um Hutt huet gi der hei gewuer, mir erkunden een vun fillen Metal Genren an mir fänken mat Power Metal un.
Fill Spaass dobäi

6. Top 100 best Metal Albums of all Time by Rolling Stone Magasine Part 3
Deen leschten Deel vun eiser Trilogie, des kéier vun Platz 25. op Platz 1.
Wat mengt dir dann wien op Platz 1. steet?
Vill Spaass 😁

5. Top 100 best Metal Albums of all Time by Rolling Stone Magasine Part 2
Part 2 vun eiser Top 100 Best Metal Albums Trilogy,
Mir kämpfen ons weider erof Richtung Nr.1, des Kéier wollte mer et net grad soulaang maachen an ons bësse mäi Zäit loossen fir iwwert alles ze argumentéieren, ob et ons gelongen ass.... dat ass eng aner Saach.
Deen leschten Deel ass an de Maach.

4. Let's keep Music alive, stay safe and stay heavy
Et sinn net déi schéinsten Zäiten an mir wëssen net wéini eisen *normalen Alldag* wäert zeréck kommen, mee mir mussen all doduerch an am beschten och all zesummen halen. Seu och bei der Musek an allen betraffene Museker dobaussen, mir wëllen mat dësem klenge Message een Opruff mann un jiddereen deem eppes un der Musek läit.

3. Top 100 best Metal Albums of all Time by Rolling Stone Magasine Part 1
Hmmm doriwwer léisst sech streiden an virun allem diskutéieren, mir hunn ons déi éischt 50. vun dem Rolling Stone Magasine mol méi genau ugekuckt an ons Meenung Preis gin.
Lauschtert bis eran an loosst iech iwwerraschen sou wei mir iwwert sou munches iwwerrascht waren.
Part 2 ass ënnerwee....

2. Queesch duerch d`Geschicht vum Heavy Metal
D`Geschicht vum Metal, wou fänkt een do un?
Mir hunn probéiert et sou einfach an kuerz ze halen fir iech d'Ufanksjoren vum Heavy Metal ze erläuteren.
Wat waren déi éischt richteg Heavy Metal Bands? Wéini war déi gëllen Zäit vum Heavy Metal?
Gidd der alles hei gewuer, lauschtert bis eran.

1. Den Ufank
Wat ass Kaméidi? Kaméidi sinn de Gilles an de Pit, zwee passionéiert Musek Nerds, di vill ze vill ze zielen hunn. Dofir presentéieren mer iech hei den éischte Metal Podcast zu Lëtzebuerg!!!